01 Sep Ee bléiend Häerz fir d’Liewen – September

Mat Dir um Vëlo fueren duerch d’Lëtzebuerger Land
Mat un de Féiss nach bessi Summersand.
A senge schéinste Faarwe weist sech eis Natur,
Am Floss vum Liewe fanne mir hei eng schéi Spuer.
Raschelen héiere mir vun de Beem,
De Bësch ass esou schéin, an dëst och geschwë bei Reen.
D’Moos sech leet duuss wéi en Tapis ënnert de Bam,
Ee Moment ass alles einfach schéin, a kengem ass méi Baang.
Merci un d’Natur, Du schenks ons esou vill.
Respektéiere solle mir Dech ganz vill, a mat Dir ëmgoe mat vill Gefill.