01 Juin Ee bléiend Häerz fir d’Liewen – Juni

Schéine Päiperlek, fräi fléie kanns Du an der Loft,
Ugezu vu Lavendeldoft.
Däi Kostüm huet Faarwen, op zaart oder extravagant.
Do bleiwen engem stoen de Verstand.
Du bass einfach wonnerschéin an elegant.
Op dech ze waarden ass Gedold gefrot.
Wann et dann esou wäit ass, ass ee Moment aus puerem Gold.