01 Juil Ee bléiend Häerz fir d’Liewen – Juli

Duerch Gladiolefelder mir zesumme lafen
An dëst an engem Mier voller Faarwen.
Du léiers mech freedeg ze kucken erop zur Sonn,
Merci, mat Dir ass wonnerschéin all Stonn.
An als Mamm weess Du ze heelen all Wonn.
Deng schéin Hänn leie gefaalt elo an aller Rou,
Léif Mamm, Du mëss mech all Dag frou.
Merci!