Ee bléiend Häerz fir d’Liewen – Dezember
345
wp-singular,post-template-default,single,single-post,postid-345,single-format-standard,wp-theme-bridge,wp-child-theme-bridge-child,bridge-core-3.1.6,qi-blocks-1.4.6,qodef-gutenberg--no-touch,qodef-qi--no-touch,qi-addons-for-elementor-1.9.5,qode-page-transition-enabled,ajax_fade,page_not_loaded,,qode-title-hidden,qode_grid_1300,footer_responsive_adv,qode-content-sidebar-responsive,qode-child-theme-ver-1.0.0,qode-theme-ver-30.4,qode-theme-bridge,disabled_footer_top,qode_header_in_grid,wpb-js-composer js-comp-ver-7.5,vc_responsive,elementor-default,elementor-kit-9

Ee bléiend Häerz fir d’Liewen – Dezember

Um Himmel, Rendéier galoppéiere mam Santa Claus um Schlitt,
An der Hoffnung, datt all Kand op der Welt eng schéin Iwwerraschung kritt.
Stäre sech an der Chrëschtzäit freeën
An d’Welt mat dem hellste Liicht begleeden.
Och d’Klacken an der Chrëschtnuecht freedeg lauden,
D’Kanner si frou, a mat groussen Ae staunen.
An d’Engele mat Trompette posaunen.
Si eis mat Musek léifvoll Häerzer schécken,
An der Freed ons domat ze beglécken.
Fënsterbänke gi schéi mat Chrëschtrouse gerëscht,
A wäertvoll Momenter an der Famill ginn opgedëscht.
Beim Chrëschtbam mir am Chouer feierlech sangen
An ons all zesummefannen.
Ee Moment, d’Welt mat vill Liicht schéi glënnert,
An der Hoffnung op Fridden, an datt sech jiddereen ëm deen anere këmmert
a sech dann un ee schéine Chrëschtdag erënnert.